No deene ville Joren, wou d’Betsy Denzer Erzielsonndeger fir e jonkt Publikum zum Beschte ginn huet, kënnt si dëst Joer, zesumme mam Nadine Kauffmann a mam Nancy Schlammes an de Kapuzinertheater fir Geschichten fir die Grouss ze erzielen. Et si Volleksmärecher, fräi adaptéiert, Geschichten aus de Gebridder Grimm hirer Sammlung, oder anerer vun nach méi wäit.
Et geet ëm d’Weiber. Staarker oder schwaacher; där, déi mat zwee Féiss um Buedem stinn oder awer där, déi op Wolleken danzen; där Gewëtzter oder där mat engem Briet virum Kapp, där diskreter oder där mat engem grousse Mondwierk; där, déi jiddwereen ëm de Fanger wéckelen an nach där, déi nees opstinn, wann se mol op d’Nues gefall sinn.
D’Betsy Dentzer, d’Nadine Kauffmann an d’Nancy Schlammes hu sech sproochlech a musikalesch mat deene Weiber ronderëm geschloen, sinn an hier Welte gedaucht an hu se fir Nolauschterer erausgefiizt.