News on your favorite shows, specials & more!

Rabonzel at Théâtre des Capucins

Dates: (12/14/2019 - 12/18/2019 )

Theatre:

Théâtre des Capucins


9, place du Théâtre
Luxembourg, L-2613

Phone: +352 4796-3900

Tickets: 8 €-25 €

  1. View All Luxembourg Shows
  2.  > 
  3. Rabonzel


Virun zwou Saisonen hunn d’Stater Theateren eng al Traditioun aus de 60er Joren nees an d’Liewe geruff: Märercher nei opliewen ze loossen, a Lëtzebuerger Sprooch. Am Dezember 2017 ass esou ënner dem Ian De Toffoli senger Fieder an dem Myriam Muller senger Regie de Rumpelstilzchen mat groussem Erfolleg op d’Bühn bruecht ginn. All zwee Joer soll en neit Wierk entstoen am enken Zesummespill tëschent engem Auteur an engem Regisseur an all Kéiers geet et drëms fir klassesch Geschichten nei ze erzielen an esou virun de Feierdeeg Grouss a Kleng ze begeeschteren.

Fir d’Kreatioun 2019 entféieren de Lëtzebuerger Auteur Jeff Schinker an de Regisseur Charles Muller, zesumme mat enger éischtklasseger Equipe vu Schauspiller a Musiker, eis an d’Welt vum Rabonzel.

Als jonkt Meedche gëtt d’Rabonzel vu sengen Elteren un eng däischter Gestalt, där ee mysteriéise Gaart gehéiert, verkaf. An engem Tuerm soll d’Meedche säin Dram verwierklechen a mat der Hëllef vun där Figur, déi sech Lone nennt – hallef Casting-Agent, hallef verlugenen Hexer, an 100 Prozent onduerchsiichteg – zu enger weltbekannter Sängerin ginn. Schnell mierkt d’Rabonzel, wat dem Lone wierklech am Kapp ronderëm schwierft– a léiert ee charmante Prënz kennen, deen allerdéngs liicht onbehollef ass. Wäert dem Rabonzel säin Dram an Erfëllung goen?

An dëser neier Versioun vum Rabonzel, e Mäerchen, dat an der Literatur an am Theater ëmmer erëm opgegraff gouf, wäert de Schwéierpunkt op der Musek an op dem Verdreemte leien. Nei Kompositiounen a Lidder vum Gast Waltzing ënnermolen d’Thema vun der Jugend, hiere Wënsch an Idealer a wéi se oft vun den Erwuessenen ausgenotzt ginn.

Videos


THE LAST FIVE YEARS in Luxembourg THE LAST FIVE YEARS
Centre des Arts Pluriels Ettelbruck (5/1 - 5/2)
VIEW SHOWS  ADD A SHOW  

Recommended For You